Ëmfro iwwer déi berufflech Integratioun vu jonken Leit 

CoCo World SRLS ass eng sozial Entreprise, déi d'géigensäitegt Léieren vun enaaner förderen an eng Kommunikatiounskultur tëscht den Gemeinschaften schafen wëll.

Vun Januar 2020 bis Dezember 2021 réaliséieren mir an deem Kader den Pilotprojet "Young Pros", deen och vum Fonds social européen an dem ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse cofinanzéiert gëtt.

Duerch dëse Projet erhoffen mir eis den Jonken tëscht 15 a 26 beim Léieren vun sougenannten transversalen Kompetenzen, oder "soft skills", ze hëllefen. Heibäi leeën mir besonneschen Wert op d'Erléieren vun Kompetenzen am Beräich Kommunikatioun, well dës Fähegkeeten kruzial sin fir den Jonken hier spéider Integratioun an Succès um Arbeschtsmaart.

Fir den Young Pros Programm sou gutt wéi méigech op d'Besoinen vun der Zilgrupp zouzeschneiden gouf en an enker Kollaboratioun mat Jonken ausgeschafft.


Dir sidd jonk tëscht 15 a 26 Joer al (Schüler, Student, Diploméiert)? ÄR MEENUNG ASS EIS WICHTEG! Mir wären Iech dankbar wann Dir dëse kuerze Questionnaire beäntwert! 

MERCI FIR ÄR PARTICIPATIOUN!

Question Title

* 1. A wéi enger Schoul oder wei engem Beruffsausbildungs Etablissement sidd Dir ageschriwwen?

Question Title

* 2. Wat ass Äre schouleschen Niveau?

Question Title

* 3. Äre Schoul Horaire ass:

Question Title

* 4. Schafft Dir (zousätzlech zu Äre Studien)?

Question Title

* 5. Hutt Dir schonn eng Wiel fir Är zukünfteg berufflech Orientatioun  gemaach? A wéi engem Beräich wëllt Dir schaffen / schafft Dir schonn? (wielt en Domaine deen Iech usprécht)

Question Title

* 6. Mengt Dir dat et schwéier ka ginn Är berufflech Karriäre an dësem Beräich weiderzeféieren?

Question Title

* 7. Wa jo, firwat mengt Dir dass et schwéier ka ginn?

Question Title

* 8. Kennt Dir Leit déi Iech Rotschléi kenne ginn am Bezuch op dee gewielte Beruff?

Question Title

* 9. Wa jo, wien sinn dës Leit (e puer Äntwerte méiglech):

Question Title

* 10. Bitt Är Schoul berufflech Orientéierungs / Initiatiouns Seancen un, déi Iech op d'Aarbechtsliewe preparéieren?

Question Title

* 11. Wa jo, dës Orientéierungs / Initiatiouns Seancen hunn Iech erlaabt (e puer Äntwerten méiglech):

Question Title

* 12. Hutt Dir jeemools vun "compétences transversales(soft skills)" héieren?

Question Title

* 13. Wéi eng transversal Fäegkeete beschreiwen am beschten Är Capacitéiten (wielt maximal fënnef Charakteristiken):

Question Title

* 14. Wéi eng vun dësen transversale Fäegkeeten ginn an der Schoul geléiert? (e puer Äntwerten méiglech):

Question Title

* 15. Hutt Dir schonn e CV geschriwwen?

Question Title

* 16. Hutt Dir schonn potenziell Patronen kontaktéiert?

Question Title

* 17. Wa jo, wat fir Kommunikatiounskanäl benotzt / wëllt Dir benotze fir Patronen ze kontaktéieren? (e puer Äntwerte méiglech)

Question Title

* 18. Hutt Dir schonn eemol en Job Interview gehat?

Question Title

* 19. Wa jo, ass den Interview gutt gaangen / sinn d'Interviewen gutt gaangen?

Question Title

* 20. Ärer Meenung no, wat sinn Är Stäerkte fir den Job Interview erfollegräich ze machen? (e puer Äntwerten méiglech)

Question Title

* 21. Wat schéngt Iech schwéier bei engem Jobinterview?

Question Title

* 22. Hutt Dir jeemools un engem Job oder Trainingsforum, enger Foire oder engem « job days » deelgeholl, etc.

Question Title

* 23. Wa jo, wat huet Iech am beschten gefall?

Question Title

* 24. Dir sidd:

Question Title

* 25. Ären Alter? ……………… (Joer)

Question Title

* 26. Wat ass Är Nationalitéit? (et si méi Äntwerte méiglech)

Question Title

* 27. Wéi eng Sprooche schwätzt Dir? (et si méi Äntwerte méiglech)

Question Title

* 28. Wann Dir un engem Online-Aféierungscours mat  maache musst wéi eng Charakteristike soll de Cours hunn (verschidde Äntwerten sinn méiglech):

Question Title

* 29. Hutt Dir jeemools u sou Coursen deelgeholl, online Sendungen deelgeholl oder Websäite besicht déi der professioneller Initiatioun gewidmet sinn.

Question Title

* 30. Wat hutt Dir gär un dëser Online Plattformen oder Sendung gefall?

Question Title

* 31. Mir preparéiere sou eng Offer fir jonk Leit déi op der Sich no enger Aarbecht sinn oder um Enn vun hirer Ausbildung . Wat fir en Rot gitt Dir, als jonk potenziell Benotzer, eis mat ? Wat wëllt Dir do erëm fannen?

Question Title

* 32. Wann Dir iwwert d’Resultater vun dëser Ëmfro informéiert wëllt ginn an/oder weider un dëser Ëmfro an der test Phase vun eisem neien Programme Young Pros (gratis) wëllt deelhuelen, da gidd wann ech gelift Är Mailadress un:

Question Title

* 33. Dateschutz: am Aklang mat de Bestëmmunge vum Gesetz RGPD betreffend de Schutz vum Eenzelen, wat d’Veraarbechtung vu perséinlechen Daten ugeet, informéiere mir Iech, datt déi obligatoresch Informatiounen an dësem Formulär am Kader vun de Projeten vun CoCo World gesammelt ginn an noutwendeg sinn, fir déi verschidden Aktivitéiten ze organiséieren. Dës Informatioune ginn ausschliesslech vu Mataarbechter vun CoCo World verschafft. Dir hutt d’Recht op den Zougang an d’Verbesserung vun dësen Donneeën an op Oppositioun géint d‘Weiderverdeelung vun den Donneeën. Dir kënnt eis zu all Moment kontaktéieren mat engem Message op folgend Adress: connect@thecocoworld.com

Ech hunn d’Informatiounen iwwert den Dateschutz gelies a verstan, a sinn domat averstan:

T