BEE SECURE : Enquête beim personnel éducatif an den Enseignanten |
Léif Participanten,
Am Kader vum BEE SECURE Trend Monitoring gi verschidden Zilgruppe reegelméisseg zu bestëmmten Theme befrot. Dëst dréit virun allem dozou bäi, Aktiounen a pädagogesch Offere vu BEE SECURE op aktuell Entwécklungen auszeriichten an unzepassen.
D'Participatioun un dëser Enquête ass anonym an dauert 5 Minutten. D’Froe bezéie sech op d’Kanner fir déi Dir an Ärem Aarbechtsalldag responsabel sidd.
D'Resultater vun dëser Enquête fléissen an de Rapport annuel "BEE SECURE Radar" mat an (bee-secure.lu/bee-secure-radar).
Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung.
BEE SECURE / Service national de la jeunesse